-
A wann dee Räichtem, dee mir haut esou generéis verdeelen, mat engem Coup verschwonne wier?
Méi wéi je hänken den Opbau an d’Performancë vun eisem ekonomeschen Tissu vun Decisiounen of, déi zum groussen Deel am Ausland geholl ginn.Wann déi friem Banken sech eng no där anerer duerzou géifen entscheeden hir Aktivitéiten an hiert eegent Land ze rapatriéieren, wat bléif dann nach vun eiser Finanzplaz iwwreg, dem Motor vun eiser Wirtschaft? Stellt Iech deen Dag vir, wou déi nächst Etapp vun der europäescher Konstruktioun eng gemeinschaftlech Wirtschaftspolitik mat enger gemeinschaftlecher an uniformiséierter Fiskalpolitik kombinéiere géif. Ouni Zweifel, mir sinn äis net de Konsequenze vun esou engem Szenario bewosst…
Den ganzen Artikel liesen -
A wann d’Staatsbeamten Hand an Hand mat de Bierger géife schaffen, fir gemeinschaftlech Objektiver ze realiséieren?
Zu Lëtzebuerg, méi nach wéi soss, hänken d’Acteure vun der Gesellschaft ee vun deem aneren of. De gemeinsamen Intérêt läit op der Hand, mä gëtt all ze dacks vernoléissegt a geet ënner an eelelaangen Discussiounen, déi d’Gesellschaft splécken. E Changement vum System kann nëmmen duerch e Changement vun de Mentalitéiten, déi op géigesäitegem Respekt baséieren, erreecht ginn. Eise Staat brauch efficace Staatsbeamten, déi eng proaktiv Approche hunn an sech enger Kultur vu gesonte Relatione mat allen anere verschreiwen. Eis Bierger wäerten hinnen dankbar sinn, an d’Gesellschaft am ganzen kann nëmmen derbäi gewannen…
Den ganzen Artikel liesen -
A wann déi Aarbechtsloser averstane wieren, fir um aktive Liewe vum Land deelzehuelen, amplaz bezuelt ze ginn fir vun där Aktivitéit ausgegrenzt ze sinn?
D’Aarbechtslosegkeet ass eng Plo, déi schwéier op eise Gesellschafte laascht, déi finanziell Verloschter mat sech bréngt, an och moralescher fir déi, déi am Fall sinn. Duerfir muss déi negativ Spiral ënnerbrach ginn an déi Aarbechtsloser erëm an d’Gesellschaft integréiert ginn. Eng nëtzlech Formatioun, en Abannen an d’Entreprisen an an déi ëffentlech Servicer wieren e gudden Ufank fir deenen, déi keng Aarbecht hunn, ze hëllefen déi schwireg Liewensphas z’iwwerwannen an si an enger positiver Dynamik ze behalen. Mä sou eng Belounung vun der Aarbecht amplaz de Chômage verlaangt e Changement vun de Mentalitéite…
Den ganzen Artikel liesen -
A wann eis Muséeën, well soss keng Plaz a keng passend Strukturen zur Verfügung stinn, Foyere fir déi Leit ouni en Daach iwwert dem Kapp géife ginn?
Lëtzebuerg huet seng Suen an der Zäit vum Wuesstem an der Prosperitéit ausginn, amplaz un d’Zukunft ze denken. Den Iwwerschoss benotzen fir d’Schold ofzedroen, wier eng gutt an eng gescheit Entscheedung gewiescht. Eist Land huet sech net op d’Méiglechkeet vun enger schwireger Period virbereet a muss elo d’Käschten dovunner droen. Wa mir eis Mentalitéiten net änneren, da bréngen déi nächst Generatiounen et net fäerdeg, fir déi Scholden zréckzebezuelen, déi mir hinnen hannerlooss hunn. D’Gespenst vun der Aarmut schwieft iwwert der Zukunft vun eisem Land…
Den ganzen Artikel liesen -
A wann de Motor vun eiser Economie fir onbestëmmt Zäit blockéiert wier.
D’Performancë vun enger Wirtschaft gi gemooss um Succès vun all sengen Deeler, déi duerzou gehéieren, d’Entreprisen. Datt d’Entreprisë Leeschtungen an nei Iddie brénge kënnen, mussen se vu performanten Entreprenere geleet ginn. Hiert Wëssen, hir Iddien an hir Energie si bluttnoutwenneg, datt eis Wirtschaft gutt funktionéiert. Amplaz datt se an den Ae vun deene Jonken als e Beispill ugesi sollte ginn, déi een nomaache sollt, ginn d‘Entreprenere verruff a stigmatiséiert. D’Mentalitéite mussen änneren. Den Entreprenariat muss seng Plaz an der Gesellschaft erëmfannen, wa mir Prosperitéit fir eis zoukënfteg Economie an déi nächst Generatioune garantéiere wëllen.
Den ganzen Artikel liesen -
A wa mer eng Strof fir déi Verschwendung géifen aféieren?
Déi Resourcen, déi äis zur Verfügung stinn, ob dat monetärer oder anerer Aart sinn, ginn ëmmer méi rar a méi deier. Mir mussen eis Liewensaart där Tatsaach upassen an un déi zoukënfteg Generatiounen denken, fir hinnen d’Moyenen ze ginn och e Wuesstem an eng Prosperitéit z’erliewen. Leider ass de Constat, dee mer haut maachen, erschreckend. D’Verschwendung ass omnipresent, an alle Schichte vun der Gesellschaft. Den Train de vie am ëffentleche Secteur, an déi Verschwendung, déi sech do breet mécht, ass skandaléis. Ustrengunge sinn och am private Secteur noutwenneg. Mä déi Efforten duerfen sech net op d’Wirtschaft limitéieren. Jidder eenzelne Bierger ass concernéiert, an e Changement vun de Mentalitéiten ass liewenswichteg.
Den ganzen Artikel liesen -
A wann déi Schwéierfällegkeet vun eise Verwaltungen sou kontraproduktiv géif ginn, datt se all Creatioun vun Entreprisen onméiglech géif maachen?
Déi kuerz Weeër, mat deenen eist Land sech sou laang gebretzt huet, sinn e Mäerche ginn. Eng Demande fir eng Autorisatioun gläicht geschwënn éischter engem Kräizzuch an e geféierlecht friemt Land, wéi enger rapider an efficacer Demarche. Firwat sou wéineg Flexibilitéit? Firwat sou vill Schwiregkeeten? A wa mer enges Daags sou wäit kommen, datt mer keng Formulaire méi hunn fir Formulairen ze froen, déi äis géifen erlaben eng Demande ze schreiwen fir eng Autorisatioun ze kréien fir domatter eng Autorisatioun unzefroen? Stellt Iech vir mir kéimen esou wäit…
Den ganzen Artikel liesen -
A wa jidderee vun äis, dee säi ganzt Liewe laang geschafft huet, dee Moment wou en seng Pensioun zegutt huet, just nach e lächerlech klengen Deel kritt vun deem wat em zousteet?
A wann déi Virstellung, d’Engagementer op deenen eis Pensioune foussen, géifen sech a Loft opléisen, keng Legend wier mä d’Wuerecht! Wat dann! Wa mer kee Changement acceptéieren, da misst eist Land am Joer 2050 annerhallef Millioune Leit hunn, déi an eise Pensiounskeese cotiséieren fir den aktuellen Niveau vun eisem Pensiounssystem ze halen. Stellt Iech déi Konsequenzen fir eis nächst Generatioune vir…
Den ganzen Artikel liesen -
A wann eist Land a fënnef Joer d’Moyenen net méi huet fir deen aktuellen Train de vie vum Staat ze bezuelen?
Déi ëffentlech Finanzen, déi zur Halschent aus de Recettë vum Finanzsecteur hierkommen, hänke vu Facteuren of, déi am Ausland decidéiert ginn. Wann een dee groussen Deel vun de fixen Ausgaben vun eisem defizitäre Budget bedenkt, wéi wëlle mer do de Fonctionnement vun eisem Land finanzéieren? Wann all déi potentiell Risike matenee Realitéit géifen, da wier dee Choc fir eis ëffentlech Finanzen terribel. Nieft deem direkten Effet op eise Budget kann een sech liicht déi Repercussiounen op eis Engagementer op laang Siicht virstellen…
Den ganzen Artikel liesen -
A wann d’Educatioun vun eise Kanner doranner bestoe géif fir déi wichtegst Wäerter duerch d’Sensibiliséierung vun der Liewensrealitéit ze vermëttelen?
Et gëtt déck Zäit fir de Mësserfolleg an der Schoul ze bekämpfen. D’Efficacitéit vun de Schüler hire Leeschtungen ze verbesseren an si an déi beschtméiglech Conditioun ze versetzen, datt se reusséieren, dat sollt eist Zil sinn. Duerfir geet et net duer fir de Schoulprogramm ze änneren a kosmetesch Changementer vum System anzeféieren. Et muss ee méi wäit goen, d’Fonnementer, op dat d’System opgebaut ass, a Fro stellen an d’Wäerter déi vermëttelt ginn änneren, sou datt d’Mentalitéit vun de Schüler ka geännert ginn, awer och déi vun de Léierpersounen…
Den ganzen Artikel liesen -
A wann an zwanzeg Joer nëmmen nach 20% vun deene Leit, déi hei wunnen, e Stëmmrecht hätten, wie kënnt dann nach behaapten, mir géifen an enger richteger Demokratie liewen?
Bei enger Populatioun vun eppes iwwert 500 000 Awunner, ziele mer nëmmen 280 000 Lëtzebuerger, an dovunner ronn 225 000 Wieler. Wéinst der demographescher Entwécklung an dem Zoufloss vun de Migranten hëlt de Prozentsaz vun de Wieler an eisem Land an der nächster Zukunft nach of. Eist politescht System verléiert also hir demokratesch Legitimitéit, wa mer et net änneren, an dee Gruef tëschent der Economie an der Politik hei zu Lëtzebuerg wäert net méi z’iwwerwanne sinn. A wann de Chef vum Steierbureau vun Esch, en Dän, eisen nächste Budgetsminister géif ginn? En oppene Geescht an eisem politesche System verlaangt och eng oppen Dier fir an d’Fonction publique…
Den ganzen Artikel liesen -
A wann, wéinst dem Käschteponkt an ze héije Präisser am Verglach mat der Konkurrenz, déi grouss Investissementer op eisem Fluchhafen sech als iwwerflësseg géifen erausstellen, an d’Land fir ëmmer ouni dës wichteg attraktiv Infrastruktur misst auskommen?
D’Investissementer an d’Infrastrukturen si primordial fir d’Entwécklung vun eisem Land. Mä wat hëllefen äis Infrastrukture wéi déi op dem Fluchhafen, wann d’Fluchverbindungen net garantéiert sinn, an d’Leit, fir e gënschtege Präiss fléien ze kënnen, sech an d’Ausland mussen deplacéieren? A wéi wier et wann déi Friem, déi um Findel ukommen, vun engem efficacen a modernen ëffentlechen Transportsystem Gebrauch kënnte maachen? Eis Approche in Punkto Infrastruktur muss fundamental geännert ginn…
Den ganzen Artikel liesen